DIY & more Sarah Grün - D' Bei Bienie

Sarah Grün - D'Bei Bienie

D’Sarah Grün studéiert un der “Hochschule für Musik Saar” zu Saarbrécken Elementar Musekpädagogie.

Stell dech kuerz vir.
Hallo, mäin Numm ass Sarah Grün. Am Moment ginn ech Course fir Bëbeeën an hier Bezuchspersoun (Mamm, Papp, Bopa, Boma, ...) am Kulturhaus Niederanven. Ech studéieren zu Saarbrécken Elementar Musekpädagogie. Ech spille Piano a kann och e bësse Gittar spillen.

Wat begeeschtert dech un der Musek?
Wat ech u Musek gären hunn, ass dass se keng Grenze kennt. Keng Sproochegrenzen, keng Altersgrenzen a keng stilistesch Grenzen. Musek ass fir jiddereen. Musek verbënnt, kann tréischten, kann een zum Laache bréngen.

Wou fënns du deng Inspiratioun?
Mäin Ëmfeld inspiréiert mech. Dëst si Frënn, Kolleegen, Famill an Erliefnisser.

Wou fënns du däi Material fir Musek ze maachen?
Ech fanne meng Iddie fir mäi Material aus ville verschiddene Saachen. Ech fannen iwwerall Deeler wou ech an eng Stonn abaue kann, zum Beispill aus Bicher, wärend anere Musekscoursen, aus Léierwierker, vun anere Kolleegen. An dëst gëtt mer och ëmmer weider nei Iddien.

Ass et schwéier Sangen ze léieren?
Sangen ass een Instrument wat jidderee bei sech dréit.
Wann een engem klenge Kand Musek oder ee Lidd ze lauschtere gëtt, danzt et mam Kierper oder séngt schoun op verschiddene Silbe mat.
Wichteg beim Sangen ass, dass een et gäre mécht an da kann een et och einfach léieren.

Hues du nach aner Hobbyen?
Ech mole gären, meeschtens molen ech Biller di d'Kanner an de Musekscoursen dono kënne faarweg molen an ech verbrénge gären Zäit mat mengen Hausdéieren.

Wat ass däi Lieblingslidd / däi Lieblingsinstrument?
Ech lauschtere gäre vu klassesch (Married life aus dem Film Up - Michael Giacchino, Debussy - Clair de Lune), iwwer Musicalmusek (Hakuna Matata aus dem Film Lion King) bis Popmusek (A little Less Home - Bartleby Delicate).

Wat wëlls du onbedéngt eng Kéier kreéieren/ realiséieren?
Ech géif gären eng Kéier een Theaterstéck/Musical mat de Kanner man.