- Veranstaltungen
- Theater
- Junges Publikum
- 4-8
D’Faarwemonster
Klang-Erzielung
Öffentliche Vorstellung
Schulvorstellungen
- Telefon (+352) 26 34 73 1
- E-Mail info@khn.lu
Précoce + Cycle 1
Dieser Text existiert leider nicht auf Deutsch.
Déi rout Faarf vermëscht sech mat der gieler, dat Blot geet an dat Gréngt iwwer. Schwaarz Faarwewolleken tiermen sech op an danze mam rosaen Niwwel. D’Faarwemonster ass doruechter. Seng Faarwen si komplett duercherneegeroden! Dat mécht et rosen! Nee, traureg… Oder fäertereg? Seng Frëndin, d’Esmeralda, wëll him beim Sortéieren hëllefen… Wéi fillen ech mech? Wéi kann ech meng Gefiller ausdrécken?
Fräi nom Buch D’Faarwemonster vum Anna Llenas hunn d’Jenny Spielmann an d’Catherine Hengesch eng Klang-Erzielung inzenéiert, déi de Kanner spilleresch a musikalesch d’Welt vun den Emotioune méi no bréngt. Dobäi hëllefen de Kanner net nëmmen déi verschidde Faarwen, hir Gefiller ze verstoen an ze identifizéieren. Mee si entdecken och mat Hëllef vun der Musek (ënner anerem mat Stécker vum Pharell Williams, Antonio Vivaldi oder Edvard Grieg), wéi ënnerschiddlech Kläng a Melodië bei eis verschidde Stëmmungen ausléisen an datt all Gefill seng Plaz verdéngt huet.
Spill & Konzeptioun: Jenny Spielmann, Catherine Hengesch
Musek: Frin Wolter (Akkordeon), Nathalie Ludwig (Klarinett), Unna Nousiainen (Braatsch), Anik Schwall (Cello)
Musikalesch Arrangementer: Claude Kraus
Produktioun: Kammerata Luxembourg
Koproduktioun: CAPE - Centre des Arts pluriels Ettelbruck
Ënnersetztung: Spuerkeess & EWA
Infos über die Kompagnie
Kammerata Luxembourg wurde 1985 gegründet und ist sowohl Konzertveranstalter als auch ein Kollektiv von Musikern und Künstlern, das häufig zeitgenössische Werke mit Musik aus der klassischen und romantischen Epoche kombiniert.
