- Veranstaltungen
- Cabaret
- Programm
‘t ass net ze gleewen
Cabaret vum a mam Roll Gelhausen

Termine
Dieser Text existiert nicht auf Deutsch.
Kann een hautjesdaags iwwerhaapt nach eppes gleewen.
Verschwörungstheorien, alternativ Fakten, Fake News, Deepfakes, Desinformatioun, manipuléiert Noriichten … Wien huet do nach den Duerchbléck?
Gëtt et een, deen d’Wouerecht gepacht huet?
Da ginn et och nach gefillte Wouerechten. Mat deenen ass et wéi mat de gefillten Temperaturen. Wann engem bei realen 12 Grad am Schiet de Wand ëm d’Ouere bléist an et huet een näischt um Kapp, da fillt et sech schonn e gutt Stéck méi kal un.
A wann engem Ligen ëmmer méi dacks a méi haart ëm d’Ouere fléien an et huet een näischt am Kapp, dann héieren déi sech op eemol wéi Wouerechten un.
Mat Sécherheet gëtt et Leit, déi Interessi drun hunn, wat mir gleewen. Bei de Politiker zum Beispill, do sinn der, déi gi Saache vu sech, do weess een net, léie se eis lo einfach nëmmen ouni Hemmung un oder si se sou domm a versti guer net ëm wat et geet. An da weess een net, wat engem léiwer wär.
Vum a mam: Roll Gelhausen
