• Events
    • Cabaret
    • Adult audience
    • 14+

Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet

Theater

From the
© Bohumil Kostohryz

Dates

Sorry, this text doesn’t exist in English.

All Mënsch huet scho mol vum Grof Siegfried héieren, dee mam Däiwel e Pakt agaang ass, fir eng Buerg ze bauen, an där hie jonk Damme beim Buede belästege konnt. Oder vum Jang vu Béimen, deen d’Schueberfouer gegrënnt huet, a sech esou fir Minoritéiten agesat hat, datt och Blanner an d’Arméi duerfte goen. Oder vum Klëppelkrich, an deem jonk Lëtzebuerger dofir gekämpft hunn, hir Aachtchen net mussen op Franséisch ze bestellen…

Mee wat wësst Dir eigentlech wierklech iwwert d’Geschicht vu Lëtzebuerg? Wat huet sech tatsächlech am Joer 963 ofgespillt? Wéini huet d’Land den Habsburger gehéiert, de Fransousen, de Spuenier, den Éisträicher a wat war déi genee Reiefolleg? Wat gouf scho méi beim Wiener Kongress decidéiert? A wéini krut Lëtzebuerg eigentlech genee seng Onofhängegkeet?

Fir Iech vun där penibeler Aarbecht z’erléisen, dat alles op Wikipedia nozeliesen, invitéiert Iech den Theaterkollektiv Independent Little Lies am Kader vu sengem drëssegjäregen Anniversaire bei säi kabarettisteschen Owend fir aarm a räich, jonk an al, normal Stierflecher an esouguer déi, déi et deemools an der Schoul gepackt hunn, an der Geschicht waakreg ze bleiwen. Dat heescht, och wann Dir mengt, Dir kennt iech aus, kommt trotzdeem laanscht! A wie weess, vläicht léiert Dir jo effektiv eppes bäi, well hei gi se all opgedeckt, déi Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet.

Et spillen: Frédérique Colling a Jacques Schiltz

Text an Inzenéierung entwéckelt a Kollaboratioun mam: Claire Wagener a Maurice Sinner

Bün a Kostüm: Michèle Tonteling

Persoun mat Anung: Antoine Lazzari

Produktiounsleedung: Jill Christophe

Produktioun Independent Little Lies - ILL 

Koproduktioun Centre Culturel Régional Aalt Stadhaus Differdange, CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, Kulturhaus Niederanven

Ënnerstëtzung Ministère de la Culture, Stad Esch-Uelzecht

Eng Produktioun am Kader vum 30. Anniversaire vun Independent Little Lies - ILL, a Koproduktion mam Centre Culturel Régional Aalt Stadhaus Differdange, CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck a mam Kulturhaus Niederanven. Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture a vun der Stad Esch-Uelzecht. 

Information about the company

Independent Little Lies (ILL) is an interdisciplinary theatre collective that brings together theatre makers, artists, pedagogues and art aficionados. Founded in 1995, ILL has been part of the Luxembourgish cultural scene for almost 30 years. Our productions and cultural events address social and political issues in the four main languages of our country. As a collective we support emerging artists from various backgrounds and offer them the opportunity to go further with their practice. We are committed to expanding collaborations with local and international artists and producers, to exploring new modes of creation and production and to providing good working conditions for our artists.